Hannerzeg No vir

Hannerzeg No vir

Den ënnerhalsame Wocheréck- an Ausbléck mam Rik a mam Pit.

Hannerzeg No vir News 35 rész Den ënnerhalsame Wocheréck- an Ausbléck mam Rik a mam Pit.
Alternativ-demokrateschen-Reformpodcast
67 perc 2. évad 17. rész Hannerzeg No vir
Mir sinn Nicool
76 perc 2. évad 16. rész Hannerzeg No vir
Fort op Dubai?
68 perc 2. évad 15. rész

De Lockdown zitt sech ëmmer méi laang a fir de Rik an de Pit fillt daat ganzt sech bëssen un wéi eng Achterbunn. Vläicht ass Dubai jo den Auswee. Keen Auswee gëtt et am Moment fir den Alexej Nawalny deen sech an engem russesche Prison befënnt. Ausserdem schwätze mer haut rem eng Kéier iwwert eis Studien an kucken nach eng Kéier zréck op eis wonnerschéi Lycéeszäit. Zum Schluss gi mir dann natierlech o nach eng Prognose fir de legendäre Superbowl oof, an der Hoffnung eis dës Kéier net ze blaméieren. 

To The Moon
68 perc 2. évad 31. rész

De Rik an de Pit présentéieren iech de Menü vun der Woch bei Hannerzeg No Vir: Dës Woch gëtt et eng déidlech Messerpickerei, e bëssen Uni-Talk an natierlech de Suivi vun der "Affaire-Semedo". Doniewt maache mer eis och lëschteg iwwert verschidde Petitiounen déi lo dierfen ënnerschriwwe ginn, a mir kucke bëssen op den Highlight vun der Woch, wou ganz vill Leit sech zesumme gedoen hunn fir d'Bourse op de Kapp ze stellen. Freet Iech op eng ënnerhalsam Episode a bis nächst Woch!

Eng prostituéiert Gäns
58 perc 2. évad 30. rész Hannerzeg No vir
Wéi oder wéini?
64 perc 2. évad 29. rész Hannerzeg No vir

De Rik an de Pit maachen haut e klengen Ausfluch an d'Philosophie. Dobäi spillt d'Fro "Wéi oder wéini?" eng zentral Roll. Doniewt steet haut och e bësse Gaming um Programm, an och e wéineg Politik. Eis Kollegen vun der anerer Säit vum Atlantik kommen natierlech och dës Woch net ze kuerz. Vill Spaass bei der neier Episode a bis nächst Woch!

Hans a Franz
58 perc 2. évad 11. rész Hannerzeg No vir
Pizzagate
67 perc 2. évad 27. rész

Hannerzeg No Vir ass och am neie Joer ukomm an start direkt eng Grondatzdiskussioun: Wéivill Kéis gehéiert op eng Pizza a wéini ass et zevill? Doniewt schwätzen de Rik an de Pit iwwert hier Feierdeeg an diskutéieren ënnert anerem iwwert den Netflix Documentaire zum Dominique Strauss-Kahn. Zum Schluss geet et och nach ëm Lëtzebuergeschen Hip-Hop an wisou hir Lidder net op Eldoradio laafen.  Mir wënschen Iech e schéint neit Joer an Vill Spaass mat eiser neier Episode. Bis nächst Woch!

2020 - Shitshow
63 perc 2. évad 26. rész Hannerzeg No vir
Alpha Tony
103 perc 2. évad 25. rész Hannerzeg No vir

Dës Woch hunn de Rik an de Pit e gudde Kolleg an ausseruerdentlech talentéierte Sportler zu Gaascht. Den Tony Drennan spillt Rugby, an dat fir lëtzebuergesch Verhältniser ganz gudd. Hien konnt schon Erfahrungen beim Stade Français a Frankräich sammelen a kombinéiert lo Uni a Rugby zu Belfast. Déi 3 schwätzen awer net nëmmen iwwert Sport, mais erzielen och puer Anekdoten vu gemeinsamen Zäiten beim rausgoen. Zesumme mat engem vun eisen treiste Fans, wéi den Tony vu sech selwer behapt, hu mir gudd gelaacht. Mir hoffen dir hudd genau sou Vill Spaass! Bis nächst Woch, bei der leschter Episode fir dëst Joer. 

D'Agatha huet gezaubert
61 perc 2. évad 8. rész Hannerzeg No vir

Wann d'Agatha dem Pit séng Tounspuer gezaubert hätt giff déi vläicht och uerdentlech kléngen. Sorry dofir dass de Pit kléngt wéi aus enger blechener Béchs. Dofir ass den Inhalt haut ëmsou besser. Den Eric Rolgen liwwert fir eis schon déi drëtte Woch hannerteneen eng super Virlaag fir en Thema, wat mir och dës Woch net ongenotzt loossen.  Ausserdem ënnerhalen de Rik an de Pit sech iwwert hier wuel léifsten Zäit vum Joer (net), anzwar déi Zäit ronderëm Chrëschtdaag. Weider ginn och nach dem MontanaBlack säin neit Haus an de Shakespeare thematiséiert. Mir wënsche Vill Spaass an eng agréabel Woch! 

D'Heidi an de Saumur
56 perc 2. évad 23. rész Hannerzeg No vir

Mecht de Kleeschen och 'Ho Ho Ho' oder ass dat nëmmen de "Weihnachtsmann"? Dëst ass eng vun den zentrale Froen dene mir eis haut widmen. Doniewt huet de Pit op Facebook en neien Déifpunkt erliewt, fir den e sech um Podcast well rechtfertegen. Ausserdem ass den Adi rem zréck a mir diskutéieren eis Propositioun fir de Lëtzebuerger vum Joer. Et war nawell ofwiesllungsräich. Mir hate Spaass an hoffen dir hudd deen och! Bis nächst Woch.

Fugging
72 perc 2. évad 6. rész Hannerzeg No vir

De Rik an de Pit sinn dës Woch ouni Gaascht ënnerwee a kënne sech dowéinst rëm bëssen ëm dat këmmeren waat an leschter Zäit sou an der Welt geschitt ass. Dobäi schwätzen se iwwert de neie lëtzebuergesche Podcast "Gëlle Fro" an den Doud vun engem vun de beschte Fussballspiller déi et jemols gouf. Dono gëtt de Pit rosen a reegt sech iwwert säin Veräin op, wéinst dem him mëttlerweil all Weekend säi blo wäisst Häerz bludd. Doniewt kënnt nach bëssen kulturellen Inhalt mat engem Album Review an e puer Wieder zum Black Friday hu mer och ze soen. Vill Spaass a bis nächst Woch!

E Patt mam Soin
111 perc 2. évad 6. rész Hannerzeg No vir

Nei Woch, Nei Episod vun Hannerzeg No Vir. Haut sinn de Rik an de Pit nees net alleng. Zu Gaascht ass den Antoine Lesch aka Soin, deen eng eegen Kleedermark huet. Bei engem gemittleche Béier ënnerhalen déi dräi sech driwwer wéi et zur Mark komm ass, ween den Antoine inspiréiert huet a wou et fir hien nach soll hin goen. Doniewt erzielen mir och e puer Anekdoten vu gemeinsamen Owender a schwätzen och e wéineg driwwer wisou ee Lëtzebuergesch Kënschtler méi sollt ënnerstëtzen. Mir wënschen Iech Vill Spaass! 

Waasser niewt dem Mond
61 perc 2. évad 20. rész Hannerzeg No vir

De Pit ass net fit, mais fir Iech sëtzt hien sech trotzdem dohin a braddelt mam Rik. Dës Kéier philosophéieren mir zwee doriwwer wen den Formel 1 GOAT ass a wisou de Pit géint ee vu senge Grondprinzipien verstéisst. Natierlech schwätze mer och iwwert d'US Walen déi eis gottseidank net enttäuscht hunn. Dann schwätze mer nach bëssen iwwert de Podcast vun leschter Woch, den vun der nächster Woch, d'PS5 an en Hologramm. 1 Stonn volle Programm! Mir hoffen dir hudd Spaass.

Mam Pierre um Mier
134 perc 2. évad 4. rész Hannerzeg No vir

Huelt iech e Piña Colada, maacht iech et gemittlech a begleet den Dr. Pierre Gallego an eis op d'Mier. De Pierre ass Veterinär a Mieresfuerscher a beschäftegt sech schon quasi säi ganzt Liewen mat Mieressäugetiere. Bei eis erzielt hien, wéi e ganz normale Lëtzebuerger op esou en onübleche Beruff kënnt, wisou dat fir hien schon ëmmer en Dram war an wéi des Aarebcht iwwerhaapt funktionéiert. De Pierre erzielt och vu senge villen Erfarungen mat Walen an Delfinen vun denen hien einfach net genuch kann kréien. Doniewt erklärt hien eis awer och wen d'asbl 'Odyssea', déi hien presidéiert, ass an fir wat sie sech asetzen. Mir hoffen dir hudd Vill Spaass bei dëser, wéi mir fannen, héich interessanter Episode. 

Bis nächst Woch!

Ingwer
60 perc 2. évad 3. rész Hannerzeg No vir

Waat huet et mam ominéise Gewürz op sech? Drénken de Rik an de Pit lo reegelméisseg Ingwertéi, oder huet ee vun denen zwee eng speziell Ofneigung géint déi Planz? Mat bësse Chance gidd der dat haut gewuer. Mat Secherheet kritt der awer an dëser Episod eis Meenung zum Borat 2, eis Viraussoen fir d'amerikanesch Wahlen an eng ganz speziell Ukënnegung matgedeelt. Doniewt gëtt et selbstverständlech rëm bëssen onnëtzt wëssen an den üblechen Duercherneen. Vill Spaass!

Special Place Special People
61 perc 2. évad 2. rész Hannerzeg No vir

Nodeems Anglizismen bei Hannerzeg No Vir mëttlerweil zum gudden Toun gehéieren hunn sech de Rik an de Pit décidéiert bei dëser Episode och den Titel op Englesch ze verfaassen. Waat ët mat dene spezielle Leit an de spezielle Plazen op sech huet, a wisou Australien op dem Pit senger "Bucket-List" (scho nees en englesche Begrëff, sorry ;) ) ëmmer méi wäit no ënne rutscht gidd dir dës Woch gewuer. Ausserdem setzen sech är Lieblingspodcaster fir en Internetführerschäin an. 
Vill Spaass!

Geféierlech Éierlech
68 perc 2. évad 1. rész Hannerzeg No vir

Mir sinn zréck mat engem "Boom". An der éischter Episode no der Summerpaus présentéieren de Rik an de Pit iech wéi een a ronn enger Stonn méiglechst vill Meenung a wéineg Ahnung kann hunn. Niewend politesche Sujeten, schwätze mer awer och iwwert eis Pläng fir déi zweet Staffel an eis méi oder manner Corona frëndlech Vakanz. Mir hoffen dir hudd sou vill Spaass beim Nolauschteren wéi mir beim Ophuelen! 

#15 Summervakanz
63 perc 1. évad 15. rész Hannerzeg No vir

An der leschter Episode vun der éischter Season loossen de Rik an de Pit hier Zäit als Podcast-Hosts eng Kéier revue passéieren. Mir analyséieren eis Episoden an schwätzen bëssen iwwert Themen déi mir virun e puer Woche schonns behandelt hunn. Mir hoffen déi 15 Wochen Podcast hunn Iech gefall, an hoffen dass der och rëm dobäi sidd wann mer aus der Summervakanz zréck sinn. Bis dohin, verbréngt e schéine Summer an passt op iech op.

#14 De Rik wunnt an engem Toaster
59 perc 1. évad 14. rész Hannerzeg No vir

Ass no just 14 Episoden schon Schluss mat Hannerzeg No Vir? Ass d'Welt der Erléisung méi no? Oder kéint dat ugekënnegt Enn vun TikTok awer den Ënnergang sinn? Wéi gesäit #VakanzDoheem ouni Stauséi aus? Dës an nach e puer aner Froen kritt dir dës Woch vum Pit a vum Rik beäntwert. Mir hoffen dir kënnt de Podcast zesumme mat der Sonn genéissen a wënschen iech e gudde Start an d'Woch.

#13 Léiwepark
60 perc 1. évad 13. rész Hannerzeg No vir

An der neister Episode vun eisem Podcast, erzielen mir ebëssen vum Uni-Liewen, analyséieren dem Kanye West säin Walkampf an ginn ierch eng kleng Musik-Preview fir déi nächst Woch. Mir hoffen et gefällt Iech an wënschen iech all eng schéi Woch.

#12 Lëtzebuerg gëtt ausgespaart
62 perc 1. évad 12. rész Hannerzeg No vir

Während dëse waarme Juli Deeg hun de Rik an de Pit sech rëm dohi gesaat an hu fir ierch eng nei Episode Hannerzeg No Vir opgeholl. Dës Woch ënnerhale mir eis ënnert anerem iwwert déi zweet Well zu Lëtzebuerg, en legendäre Livestream an en héichverdéngten Idiot vun der Woch.

#11 Den Harry Potter molt Mandala
65 perc 1. évad 11. rész Hannerzeg No vir

Déi eleft Episode Hannerzeg No Vir ass online! Mir starten ënnert anerem mat Chicken Nuggets, Lëtzebuerger Supersportler an e puer witzegen Anekdoten an déi nei Woch. Mir hoffen dir hudd esou vill Spaass wéi mir a wënschen ierch e gudde Start an déi nei Woch!

#10 Schwéngchen
60 perc 1. évad 10. rész Hannerzeg No vir

JUHU, de Rik an de Pit feieren déi zéngt Episode vun hierem Podcast mat ierch. Knapp 1 Stonn gesabbels vun ären zwee Lieblingspodcaster. Dës Woch am Gepäck hu mer ënnert anerem een Dauergaascht, dräi Presidenten an e Weltrekord. Mir soen Merci fir 10 Wochen Ënnerstëtzung an hoffen dass der opmannst nach 10 dobäi kommen. 

#9 D'Stéphanie ass eng Noss
65 perc 1. évad 9. rész Hannerzeg No vir

Endlech rëm Méinden, endlech rëm Zäit fir eng nei Episode Hannerzeg No Vir. Dës Woch dsikutéieren mir ënnert anerem iwwert den neien Idiot vun der Woch an Liverpool hieren éischte Championstitel zanter 30 Joer. Mir wënschen ierch vill Spaass an eng schéi Woch!

#8 Meng Noperen din mir wéi
61 perc 1. évad 8. rész Hannerzeg No vir

An der neier Episode Hannerzeg No Vir feieren mer dem Pit säin 21. Gebuertsdag an blécken souwuel op den Podcast vun leschter Woch, wéi och op d' PS5 Reveal Event zréck. Fir de Rescht schwätzen de Rik an de Pit iwwert dat wat se am beschten kennen: Sport. 
Mir wënschen ierch vill Spaass an eng schéin Woch!

#7 D'Kim ass op Besuch
66 perc 1. évad 7. rész Hannerzeg No vir

An der 7. Episode vun Hannerzeg No Vir begréissen de Rik an de Pit hieren éischte Gaascht. Mam Kimberly ënnerhale mer eis iwwert d'Premièresexamen, de mentale an de sportlechen Aspect vum Karate an awer och iwwert de Mënsch Kimberly Nelting. Vill Spaass a bis nächst Woch!

#6 Ech-hunn-Kamellen-fir-dech-Auto
58 perc 1. évad 6. rész Hannerzeg No vir

Méindeg = Podcastdag. An der neier Episode blécken mer op d' "BLM" Manifestatiounen zréck, stellen Theorien iwwert dem Madeleine McCann säi Verschwannen op an analyséieren d'Top 100 Lëscht vun Forbes. Mir wënsche Vill Spaass an eng schéi Woch!

#5 Eng waarm Mama
58 perc 1. évad 5. rész Hannerzeg No vir

Och um Feierdaag dropped Hannerzeg No vir sengen Nolauschterer natiirlech en Podcast fir d'Woch gudd unzefänken. Dobäi ginn och méi sérieux Themen ugeschwat an den Rik entwéckelt sech zum Meeschter vun der lëtzebuerger Sprooch. 
Vill Spaass!

#4 E Bong fir e Wirschtchen
58 perc 1. évad 4. rész Hannerzeg No vir

Um Enn vun enger éischter langweileger Woch kucken mir viraus op d'Premièresexamen a blécken domadder gläichzäiteg op eis eegen Lycéeszäit zréck. Weider Themen vun dëser Woch sinn eist Studenteliewen oder och den weidere Verlaf vum Deconfinement. 

#2 Dem Elon seng Mask
59 perc 1. évad 2. rész Hannerzeg No vir

Scho fir déi zweete Kéier leeën mir eise Pefferkär zur Aktualitéit bäi. Um Menu sinn des Kéier ënner anerem dem Drake säin neien Album, de Retour vum Sport an d'Adele wat e puer Kilo ofgeholl huet. 

#1 De Kim ass aus dem Gulag zréck
61 perc 1. évad 1. rész Hannerzeg No vir

An der éischter Episode vun HannerzegNoVir stelle mir zwee eis selwer an eis Ideen fir. Aner Themen sinn och dem Kim Jong Un säi Gesondheetszoustand, TikTok an zwou Netflix Dokus. 

E bëssen "General Culture"
106 perc 35. rész Hannerzeg No vir
#3 Mir sinn prett fir déi nei Weltuerdnung
58 perc 3. rész Hannerzeg No vir

An der mëttlerweil schon drëtter Episode vun Hannerzeg No Vir, diskutéieren mer ënnert anerem iwwert de neie lëtzebuergegen Prënz, d' Dikatur déi de Bill Gates wäert aféieren an dem Joko a Klaas hier Austellung "Männerwelten". Mir wënschen ierch all e gudde Start an déi nei Woch!

Sebesség:
Érd el és vezéreld távolról a helyi hálózaton elérhető IntoRadio Cast képes eszközöeidet!
Böngésző-kiegészítő telepítése szükséges!
Chrome web store