Kultur

Kultur

Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit

radio 100,7 Society & Culture 46 rész Interviewen, Kritiken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit
Internationalen Dag vum Theater - Gëtt et eppes ze feieren?
6 perc 47. rész radio 100,7
De leschte Samschdeg war de Weltdag vum Kanner- a Jugendtheater, haut ass et den internationalen Dag vum Theater. Déi geplangten Theaterdeeg sinn aus bekannte Grënn an d'Waasser gefall, mee d'Theaterfederatioun huet sech eppes aneschtes afale gelooss. Doriwwer an iwwer déi allgemeng Stëmmung bei den Theaterleit huet d'Valerija Berdi mam Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun, geschwat.
Den DTail vum DKollektiv sengem DKollage
8 perc 47. rész radio 100,7
Viru fënnef Joer huet sech den DKollektiv gegrënnt, mam Zil, sech um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, zesumme mat Kreativen, Wëssenschaftler, Laminoire-Aarbechter an Interesséierten, mat Industriekultur ze beschäftegen. Mëttlerweil gouf d'Roll vum DKollektiv vun offizieller Säit unerkannt, esou datt e finanziell ënnerstëtzt gëtt, fir an zwou fréiere Walzwierk-Hale fir Esch2022 e "Laboratoire du faire ensemble" opzebauen. De Weekend vum 19./ 20. Mäerz hat den DKollektiv DKollage. D'Kerstin Thalau war zu Diddeleng.
Lëtzebuerger an der Friemelegioun
5 perc 49. rész radio 100,7
Wie waren déi Lëtzebuerger, déi sech am Laf vum 19. Joerhonnert a bis d'Zäit tëschent den zwee Weltkricher an der Friemelegioun engagéiert haten? Am Virfeld vun enger grousser Ausstellung, Enn Juni am Musée Dräi Eechelen, gouf elo e Sammelband zu deem Sujet bei Silvana Editoriale verëffentlecht: "Légionnaires. Parcours de guerre et migrations entre le Luxembourg et la France" (dir. Sandra Camarda, François Reinert, Arnaud Sauer an Denis Scuto). E Bäitrag vum Michel Delage.
D'Œuvre œuvréiert fir Tiers-Lieux culturels 2022
8 perc 49. rész radio 100,7
An de leschte Jore gouf der Kultur-Ekipp vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte kloer, datt zu Lëtzebuerg kreativ Raim fir Kënschtler feelen. Doriwwer eraus krute si ëmmer méi Demande vu Kollektiver, déi Moyenen gesicht hu fir sech, zum Beispill an enger Industriebrooch, ze installéieren: fir do a gedeelten Espacen, mat gedeeltem Material, am Austausch, och mat der Ëffentlechkeet, kënschtleresch aktiv ze ginn. D'Œuvre huet decidéiert, dräi sougenannt Tiers-Lieux culturels am Kader vun Esch 2022 ze ënnerstëtzen. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen
Den PEN/Manheim Award for Translation fir de Pierre Joris
4 perc 49. rész radio 100,7
De Lëtzebuerger Dichter an Literaturiwwersetzer Pierre Joris gouf elo mam PEN/Manheim Award for Translation fir säi Gesamtwierk vun Iwwersetzungen ausgezeechent. E Präis, deen all dräi Joer vergi gëtt, déi éischte Kéier 1982, wou de Gregory Rabassa fir seng Iwwersetzunge vum Gabriel Garcia Marques a Mario Vargas Llosa geéiert gouf. D'Valerija Berdi mat engem kuerze Portrait vum Pierre Joris.
Kultur:LX
4 perc 48. rész radio 100,7
Am Juli 2020 gouf d'ASBL Kultur:LX gegrënnt. Eng Associatioun, déi sech fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Kultur am Ausland asetze soll. Um Kapp stinn zwou Fraen: Valérie Quilez an Diane Tobes. D'Valerija Berdi huet mat den zwou Coordinatricen geschwat, déi den 1. Februar dëst Joer hir Posten ugetrueden hunn.
Kultur:LX
8 perc 49. rész radio 100,7
Am Juli 2020 gouf d'ASBL Kultur:LX gegrënnt. Eng Associatioun, déi sech fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Kultur am Ausland asetze soll. Um Kapp stinn zwou Fraen: Valérie Quilez an Diane Tobes. D'Valerija Berdi huet mat den zwou Coordinatricen geschwat, déi den 1. Februar dëst Joer hir Posten ugetrueden hunn.
D'Expo "Landrush" ass net an der Hetz entstanen
4 perc 49. rész radio 100,7
Mir hunn alleguerte matkritt, datt d'Landwirtschaft, wéi se haut weltwäit bedriwwe gëtt, dramatesch sozial an ekologesch Impakter wäert hunn. An datt de Klimawandel d'Saach nach verschlëmmert. Mee realiséiere mir och, wat dat konkret bedeit? D'Hamburger Fotojournaliste Frauke Huber an Uwe Martin sinn zanter 15 Joer ënnerwee, sammele weltwäit Temoignagen, maache Fotoen a Filmer, fir duerno an Zeitungsartikelen, Documentairen oder Ausstellungen kloer ze maachen, wat tatsächlech leeft. Aktuell presentéiere si d'Expo "Landrush" am CNA. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Koppel kennenzeléieren.
Filmkritik: "Sentinelle" (Netflix)
2 perc 48. rész radio 100,7
Nodeems hir Schwëster vun engem russeschen Oligarch schlëmm vergewaltegt gouf, hëlt eng traumatiséiert Zaldotin d'Heft selwer an d'Hand ... Grad esou brutale wéi iwwerflëssege Vigilante-Film, mengt de Michel Delage.
Ça gaze: de Ponx vu cooperationsART
8 perc 49. rész radio 100,7
Zanter Juni 2020 invitéiert d'Escher Kulturfabrik reegelméisseg Lëtzebuerger Artiste fir Kënschtlerresidenzen. Iwwerschriwwe si se mat Squatfabrik, geduecht si se als Ënnerstëtzung vu Kreativen a Covid-Zäiten. Den inklusiven a multidisziplinäre Kënschtlerkollektiv cooperationsART, vu Wolz, konnt schonn zweemol vun der Initiativ profitéieren. Déi zweete Kéier direkt e ganze Mount. D'Kerstin Thalau huet zu Esch hire Graffiti-Sprayer Ponx kennegeléiert.
Buchkritik - Nathalie Ronvaux: "Le Chesterfield du cinquième"
4 perc 49. rész radio 100,7
Kuerze Roman iwwer Léift oder Frëndschaft, déi keng zäitlech Limitte kennen. Dëse cleveren Exercice de style ass vläicht e bëssen ze theoretesch ausgefall, mengt de Michel Delage.
Voix Moi - Danzprojet
4 perc 48. rész radio 100,7
D'Corona-Pandemie ass hei zu Lëtzebuerg scho méi wéi ee Joer amgaang. An dacks gëtt gesot, datt dës Zäit besonnesch fir zwou Altersgruppe schlëmm war: déi Jugendlech an d'Senioren iwwer 75 Joer. Wärend déi Jugendlech fir d'Allgemengwuel hu missten hir d'Liewe quasi komplett zeréckfueren, goufen d'Senioren als Héichrisiko-Mënschen dacks vun der Baussewelt ofgeschnidden. A genee dës zwou Alterskategorië bréngt e Lëtzebuerger Danz-Kollektiv elo am Kader vun engem interessante Projet zesummen. De Simon Larosche mat méi Detailer
A Colonia Luxemburguesa
6 perc 49. rész radio 100,7
Op der Internetsäit colonia.lu gëtt déi lëtzebuergesch Auswanderung a Brasilien an Zesummenhang mat der Aarbecht vun der Arbed um Ufank vum 20. Joerhonnert dokumentéiert. En Interview vum Martine Reuter mat der Dominique Santana, fir déi A Colonia Luxemburguesa esou wuel eng Dokteraarbecht, wéi och en Documentaire ass.
Pardon my French!
5 perc 49. rész radio 100,7
Am Kader vum Mount vun der Francophonie organiséiert uni.lu zanter fënnef Joer am Mount Mäerz eng Manifestation, déi d'Roll vun der franséischer Sprooch an eiser Gesellschaft thematiséiert. Dës Kéier ass de Sujet: Frontalier/Frontalières. Questions d'(in)visibilisations. D'Valerija Berdi krut dozou Informatiounen vun der Jeanne Glesener a der Tonia Raus vun der uni.lu.  
DKollage mam DKollektiv
4 perc 48. rész radio 100,7
Viru fënnef Joer huet sech den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, zesumme mat Kreativen, Wëssenschaftler, Laminoire-Aarbechter an Interesséierten, mat Industriekultur ze beschäftegen. Vu datt op der Plaz en neie Wunn-Quartier entstoe soll, konnt de Grupp sech just temporaire an enger vun den Halen installéieren. Mëttlerweil gouf d'Roll vum DKollektiv awer och vun offizieller Säit unerkannt, esou datt en nei Aktivitéiten an zwou aneren Hale fir Esch2022 accordéiert krut. En Vue dovunner hat den DKollektiv de Weekend vum 19. an 20. Mäerz DKollage. D'Kerstin Thalau war zu Diddeleng.
ASSITEJ - Am Asaz fir Kanner- a Jugendtheater
4 perc 48. rész radio 100,7
Haut, den 20. Mäerz ass den internationalen Dag vum Kanner- a Jugendtheater.Zënter 2008 ass Lëtzebuerg an der ASSITEJ, der Association Internationale du Théâtre de l'Enfance et la Jeunesse, vertrueden. Läscht Joer gouf de Veräin ASSITEJ Luxembourg gegrënnt. Zil vum Veräin ass et de jonken Theater national wéi och international ze fërderen. De Ben Kobs huet mam Jean Bermes, Vize-Präsident vun der ASSITEJ Lëtzebuerg geschwat.
Kënne Maschinne Konscht schafen?
5 perc 50. rész radio 100,7
Mat Logarithmusse kann ee Biller produzéieren, kënschtlech Intelligenz ass duerchaus och eng kënschtleresch. Gläichzäiteg stellen dem däitschen Artist Mario Klingemann seng Exploratiounen traditionnell Begrëffer wéi Kreativitéit a Schéinheet a Fro. Viru Kuerzem huet hien eng Videokonferenz fir de Konscht-Casino gehalen: ''L'image de demain. Latent expeditions''.  E Bäitrag vum Michel Delage.
D'Suzan Noesen am Geste-Kuddelmuddel
5 perc 50. rész radio 100,7
Mat Sujete wéi Rollemusteren oder Gruppendynamiken, beschäftegt sech d'Multi-Media-Kënschtlerin Suzan Noesen sech net eréischt zanter Corona. Mee am Kader vun de "mesures sanitaires" a "gestes barrières" kënnen hir Aarbechten nach emol nei gelies ginn. Bis den 20. Mäerz presentéiert d'Suzan Noesen am CAPE zu Ettelbréck d'Installatioun "Labyrinth gestischer Tropen". Explikatioune Kerstin Thalau.
Frontalier am TNL
3 perc 49. rész radio 100,7
E Mann steet am gewinnte Stau, wéi all Dag, wann hien iwwer d'Grenz fiert fir op seng Aarbecht ze kommen. Hie léisst senge Gedanke fräie Laf an déi féieren hie ganz wäit fort fir ëmmer erëm am Haut an am Hei unzekommen. "Frontalier" heescht d'Theaterstéck vum Jean Portante, dat de Frank Hoffmann inzenéiert huet. Op der Bün de franséische Schauspiller Jacques Bonnaffé. D'Valerija Berdi war op der Première am TNL.
Et kënnt op d'Gesten un, sou d'Suzan Noesen
9 perc 49. rész radio 100,7
"Labyrinth der gestischen Tropen"....wat gelift? "Labyrinth der gestischen Tropen" ass di aktuell Expo vun der Suzan Noesen iwwerschriwwen. No hire Studien an Openthalter an Holland an Ost-Däitschland lieft a schafft d'Kënschtlerin haut bei hirer Boma um Bauerenhaff zu Lëtzebuerg. De Film iwwert dës ongewéinlech Wunngemeinschaft huet d'Suzan Noesen hei am Land bekannt gemaach. Si war fir de leschten, héich dotéierten, "Luxembourg-Encouragement for-Artists-Prize" 2020 nominéiert a presentéiert ebe bis de Weekend eng Konschtinstallatioun am CAPE zu Ettelbréck. An dat mat de Gesten erklären iech d'Kerstin Thalau an d'Suzan Noesen am beschte selwer.
Reiseberichte
5 perc 49. rész radio 100,7
Joerzéngte laang huet de Siegfried Unseld de Suhrkamp Verlag geféiert. Seng Reesberichter spigelen engersäits déi kulturell Vilfalt erëm, där hien op senge Reesen uechtert d'Welt begéint ass, anersäits gi si e beandrockenden Aperçu vun deem spannenden an dacks komplizéierten Ëmgang mat Autorinnen an Auteuren. Iwwer d'"Reiseberichte" vum Siegfried Unseld héiert Dir de Léon Rinaldetti.
Mat "Panikherz" zeréck an den Theater
4 perc 48. rész radio 100,7
Wärend zu Lëtzebuerg Theatere schonn op Héichtoure lafen, steet d'Kultur an Däitschland nach ëmmer stëll. Ee Pilotprojet zu Berlin soll elo eng Perspektiv fir d'Reouverture liwweren. Am Theater um Bertolt-Brecht-Platz gëtt e Freideg a Samschdeg "Panikherz" gespillt. Eng Adaptatioun vum Benjamin von Stuckrad-Barre sengem autobiographesche Roman. De Ben Kobs huet mam Oliver Reese, dem Intendant vum Berliner Ensembel a Regisseur vun dësem Stéck geschwat.
D'Natioun: Emanzipatioun a Repli
7 perc 49. rész radio 100,7
D'Pandemie hätt gewisen, datt den Nationalstaat weiderhin eng wichteg Roll spillt a wuel och an Zukunft  wäert spillen, seet den Historiker Pascal Ory. Iwwerhaapt wier d'Iddi vun der Natioun hirem Ursprong no eng emanzipatoresch Iddi, déi d'Fräiheet an d'Selbstbestëmmung als Zil hätt. Och wa se - zum Beispill an der Form vum Nationalismus - dacks zu aneren Zwecker géif mëssbraucht ginn.  De franséischen Historiker war rezent op Invitatioun vum Institut Pierre Werner zu Lëtzebuerg. D'Pia Oppel konnt sech bei där Geleeënheet mat him ënnerhalen.
D'Publikatioun zu der Expo "Ready. Set. Design."
5 perc 49. rész radio 100,7
Vum 14. op de 15. Mäerz ass déi 11. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival op en Enn gaangen, an zwar net just um groussen Ecran, och online: de Méindeg de Moien um 0:01 ass den Home-Computer-Ecran schwaarz ginn. Wien awer nach e bësse Festival-Ambiance sicht, fënnt se am Cercle Cité: d'Ausstellung "Ready. Set. Design. Filmdekoren zu Lëtzebuerg" ass nach bis den 11. Abrëll ze gesinn. An och fir d'Ausstellungscommissairë vum CNA ass d'Aventure net ofgeschloss. Explikatioune vum Kerstin Thalau
Hytte
4 perc 48. rész radio 100,7
"Hytte" heescht op norweegesch eng Hütt an ass och den Titel vum éischte Longmetrage vum Lëtzebuerger Regisseur Jean-Louis Schuller. De Film gouf am Kader vum LuxFilmFest gewisen an ass och vun haut un am Ciné Utopia programméiert. D'Valerija Berdi huet de Film mam Luc Schiltz an der Haaptroll gesinn.
D'Chantal Maquet an hiert "Corona-Joer" zu Hamburg
6 perc 48. rész radio 100,7
Fir hir Molereien a jäizege Faarwe baséiert d'Chantal Maquet sech mat Virléift op Biller, also Fotoen/ Postkaarten/ Filmer, aus den 1950er Joren. Dat och nees fir hir aktuell Expo an der Diddelenger Galerie Nei Liicht, fir déi si sech mat der Kandheet vun hirem Papp, am belsche Kongo, auserneegesat huet. De Projet huet si dräi Joer laang begleet an ass haaptsächlech zu Hamburg entstanen, der Kënschtlerin hiren éischte Wunnsëtz. D'Kerstin Thalau ass vun der Chantal Maquet gewuer ginn, wéi si do dat éischt Corona-Joer erlieft huet.
"D'Konscht an d'Kris" ee Joer duerno
6 perc 48. rész radio 100,7
Am Mäerz 2020 huet de Lockdown fir vill Froen an Onsécherheet gesuergt. Ënner anerem am Kultursecteur sinn Existenzängschten opkomm. Den Auteur a Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen, deen tëschent Lëtzebuerg an Heidelberg pendelt, war verwonnert, wéi vill Leit, mat Willkür an Tempo, séier Äntwerte ginn hunn: wéi "duerch Argumenter a Positioune gebrätscht ginn ass", esou seng Formulatioun an engem Fräie Mikro fir den 100,7. Leider hätte fir eng ästheetesch Reaktioun op d'Pandemie Zäit, Muße a Rou gefeelt. D'Kerstin Thalau wollt vum Samuel Hamen wëssen, wéi hien dat e Joer duerno gesäit.
Kultur am Confinement
5 perc 47. rész radio 100,7
Keng Liesungen a keng Theaterpremièren, keng Ausstellungen a keng Filmer am Kino. Mëtt Mäerz d'lescht Joer sinn d'Riddoen zougaangen an d'Luuchten ausbliwwen. Vill Suergen an Ängschten, awer och nei Iddien, Initiativen a Projeten sinn als Reaktioun op de Covid an de Confinement entstanen. D'Valerija Berdi huet e puer Stëmmen aus der Kulturwelt, déi mir an den éischte Woche vum Confinement d'lescht Joer agefaangen haten, zesummegestallt.  
Through the Wire - Anne-Mareike Hess
0 perc 43. rész radio 100,7
"Through the Wire" heescht den aktuelle Projet vun der Dänzerin a Choreographin Anne-Mareike Hess. Si ass zanter dem leschte Joer Artiste associée an der Abtei Neimënster. Wat huet d'Zäit vum Confimenemt fir si bedeit, wéi schafft si elo ënner de Restriktiounen, wéi koum si zum Danz, zu hire vergaangenen, aktuellen a zukünftege Projeten, a wéi gëtt de Publikum an den aktuelle Projet involvéiert? D'Valerija Berdi huet mat der Kënschtlerin geschwat.
Bilan LuxFilmFest
5 perc 48. rész radio 100,7
De Luxembourg City Film Festival ass gëschter op en Enn gaangen. Anescht wéi d'lescht Joer ass dës 11. Editioun wéi geplangt iwwer d'Bün gelaf: wéinst de Covid-Restriktiounen deels am Kino, deels online. Mat den zwee Haaptpräisser gekréint goufen um Enn de Krichsdrama ''Quo Vadis, Aida?'' respektiv den Documentaire ''Nemesis''. E Bäitrag vum Michel Delage.  
Filmkritik: ''Quo vadis, Aida?"
3 perc 47. rész radio 100,7
De Luxembourg City Film Festival ass gëschter op en Enn gaangen. D'Jury vun der Haaptkompetitioun huet de Krichsdrama ''Quo Vadis, Aida ?'' vun der Bosnierin Jasmila Žbanić mam Grand Prix fir de beschte Film ausgezeechent. De Michel Delage mat enger Kritik vun deem Film.
Ganz frou ouni "Bussi Bussi" : De Peter Lohmeyer am Gespréich
7 perc 47. rész radio 100,7
De Peter Lohmeyer hat säi Kinodebut 1988 am Dominik Graf sengem "Tiger, Löwe, Panther". Säi gréissten Erfolleg huet hien 2003 an der Roll vum Kriegsgheimkehrer Lubanski an "Das Wunder von Bern" gefeiert. De Frédéric Braun huet hien um Rand vun der Opféierung vum Monodrama "Superspreader" am TNL begéint.   
Shorts made in/ with Luxembourg
0 perc 47. rész radio 100,7
Esouwuel um groussen Ecran wéi och online: beim Luxembourg-City-Filmfestival dominéiert eng international Programmatioun. Déi lokal Filmproduktioune kréien awer speziell Plattformen. Esou konnt de Public, den aachte Mäerz zum Beispill aacht lëtzebuerger Kuerzfilmer ënner dem Motto "Shorts made in/ with Luxembourg" am Kino entdecken; zanter dem néngte si se online disponibel. D'Valerija Berdi an d'Kerstin Thalau hu sech d'Shorts net entgoe gelooss.
Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose
3 perc 46. rész radio 100,7
Eege Revendicatioune fir spezifesch Beräicher, dofir hate sech déi verschidde Blocs um Fraestreik 2021 agesat. D'Membere vum Kënschtlerkollektiv Richtung 22 hunn, an hire Fuerderungen, de Fokus op de Kultursecteur geluecht. De Ben Kobs huet si an hirem Kënschtlerinne-Bloc begleet.
cooperationsART: géint Monotonie fir kreativ Fräiraim
5 perc 47. rész radio 100,7
Mëtt Juni 2020 hat d'Escher Kulturfabrik de Projet "Squatfabrik", als Ënnerstëtzung fir d'Lëtzebuerger Konschtzeen a Covid-Zäite lancéiert. Bis Enn September waren do eng 25 Artisten noeneen a Kënschtlerresidenz. Dee gréissten, a vläicht faarwegste, Grupp, war den interdisziplinären an inklusive Kënschtlerkollektiv cooperationsART vu Wolz. Deen neien, och protegéierten, Escher Kader huet d'Memberen extreem inspiréiert. Wéi si elo fir eng zweete Kufa-Residenz invitéiert goufen, hu si mat Freed zougesot. D'Kerstin Thalau zitt dës Woch mam Kollektiv Bilan.
"Superspreader" mam Peter Lohmeyer am TNL
4 perc 47. rész radio 100,7
Am Monodrama "Superspreader" léist de Lyriker an Theaterauteur Albert Ostermaier d'Vertrieder vum Kapitalismus oplafen. Dat virum Hannergrond vun der aktueller Pandemie.  Den Owend steet eng leschte Kéier de Peter Lohmeyer am TNL op der Bün. Den däitsche Schauspiller war ënner anerem duerch de Film "Das Wunder von Bern" bekanntheet ginn. De Frédéric Braun mat enger Interpretatioun
De Kënschtlerkollektiv cooperationsART geet nei Weeër
5 perc 47. rész radio 100,7
D'Membere vum interdisziplinären an inklusive Kënschtlerkollektiv cooperationsART hunn hiren Atelier zu Wolz. Do fille si sech wuel a protegéiert. Mee heiansdo deet et awer gutt, erauszekommen, seng Aarbechten engem Public ze weisen. Dowéinst hu cooperationsART mat Freed eng Invitatioun vun der Escher Kufa, fir eng Kënschtlerresidenz vun engem Mount, ugeholl. Datt e Material dacks d'Basis vun hirem Schafen ass, hu mir an engem éischte Reportage thematiséiert. D'Kerstin Thalau geet mam Kollektiv am zweeten Deel nei Weeër.
Lancement vum Casino Display
3 perc 46. rész radio 100,7
Zanter Jore soll d'Konschthaus beim Engel um Fëschmaart eng eegen, eng nei, Missioun kréien; Ufank Mäerz 2021 war et esou wäit. Als Annexe vum Casino Lëtzebuerg wäert den Engel zukünfteg jonke Kënschtler den Zougank an d'Konschtwelt vereinfachen. De Ben Kobs war bei enger Presse-Visitt vum renovéierten Espace.
Eng sécher Plaz fir cooperationsART
5 perc 47. rész radio 100,7
Dir kennt bestëmmt déi sozio-kulturell Wëlzer ASBL Coopérations. Ee vun hiren Atelieren nennt sech ccoperationsART: dobäi handelt et sech ëm en interdisziplinären an inklusive Kënschtleratelier. De leschte Summer waren d'Membere fir zwou Wochen op Kënschtlerresidenz an der Escher Kufa. Deen neien Entourage huet si därmoosse stimuléiert an inspiréiert, datt d'Kufa-Ekipp decidéiert huet, cooperationsART elo nach emol ze invitéieren, an zwar direkt fir e ganze Mount. D'Kerstin Thalau war fir den Ofschloss zu Esch a stellt Iech dës Woch eng Partie vun de Kënschtler an hir Konscht vir.
Luxfilmfest: "Air Conditioner"
2 perc 46. rész radio 100,7
Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich: den Angolaner Fradique gräift fir säi Filmdebut op Science-Fiction-Elementer zeréck. Aus der Kompetitioun vum Luxfilmfest.
Claire Parsons
7 perc 47. rész radio 100,7
An engem kuerze Gespréich gëtt d'Claire Parsons eis hir grouss Fraen am Jazz mat op de Wee, zielt wéi hir Feminitéit sech an hirer Musek spigelt a wat bei hir 2021 ugesot ass.
Kulturassisen Rock-Pop-Electro
3 perc 46. rész radio 100,7
Am Kader vum Kulturentwécklungsplang, deen déi kontinuéierlech Bestandsopnam vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg als Ambitioun huet, waren de Samschdeg de Mueren an der Rockhal zwou Table-Ronden iwwer de Rock-, Pop- an Elektro-Beräich zu Lëtzebuerg. De Kulturministère, deen dës Assisen organiséiert, hat eegens eng Etüd an Optrag ginn fir op dësem Plang d'Acteure vum Secteur ze verstoen an den Developpement vu veschiddene Secteuren unzereegen. De Marc Clement mat Detailer
Eng Japanerin ze Wien
5 perc 47. rész radio 100,7
Hikikomori nennt een dat Phänomen, wann Erwuessener bei den Eltere wunne bleiwen an all Kontakt zu er Baussewelt refuséieren. E gesellschaftleche Problem, deen a Japan en Thema ass. Hikikomori heescht d'Stéck (Text: Sophie Reyer), dat an der KUFA gewise ginn ass. Eng Produktioun vun der Wiener TheaterArche. D'Leederin vun dësem Theaterhaus ass déi japanesch Operesängerin Manami Okazaki, déi an dësem Monolog op der Bün ze gesinn ass. d'Valerija Berdi huet mat der multitalentéierter Kënschtlerin geschwat.
D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher "Squatfabrik"
5 perc 47. rész radio 100,7
Eng Rei Kulturhaiser haten de leschte Summer spontan Aktioune lancéiert, fir d'Kënschtler vu Lëtzebuerg, a komplizéierten Zäiten, ze ënnerstëtzen. Sou hat zum Beispill d'Escher Kulturfabrik hier "Squatfabrik" opgemaach: am 2-3 Woche-Rhythmus ware Kreativer, am fréiere Keramikatelier vun der Kufa, a Konschtresidenz. Mat dobäi: de Wolzer Kënschtlerkollektiv "cooperationsART". D'Zesummenaarbecht hat esou gutt geklappt, datt de Grupp fir eng zweet Residenz op Esch invitéiert ginn ass, déi Kéier fir e ganze Mount. D'Kerstin Thalau fir d'éischt emol mat e puer Impressioune vum Summer 2020.
Ready. Set. Design.: Venedeg
5 perc 47. rész radio 100,7
Wat fir Filmdécore si vu wiem zu Lëtzebuerg gebaut, respektiv sélectionéiert, ginn? Dat dokumentéiert d'Expo "Ready. Set. Design." am Cercle Cité, am Kader vum Luxembourg City Filmfestival, mat Hëllef vu Fotoen, Video- an Tounmaterial, Décorelementer, Skizzen a Landkaarten. Di gemeinsam Ausstellung vu CNA a Cercle Cité hëllt iech mat an d'Kulisse vu Filmproduktioune zu Lëtzebuerg. D'Iddi hannert dem Projet, d'Décoren an hier Kreateuren hu mir iech scho presentéiert, fir de leschten Deel vun der "Ready. Set. Design."-Triologie huet d'Kerstin Thalau d'Kiischt um Kuch gehalen.
Frontalier
3 perc 46. rész radio 100,7
Säi Monolog "Frontalier" huet de Jean Portante zum groussen Deel an enger Autoreresidenz an der Lorraine geschriwwen. Elo kënnt d'Stéck an den TNL. D'Valerija Berdi huet mam Auteur, awer och mam Theaterregisseur Frank Hoffmann iwwer dëst komplext Stéck geschwat.
Sebesség:
Érd el és vezéreld távolról a helyi hálózaton elérhető IntoRadio Cast képes eszközöeidet!
Böngésző-kiegészítő telepítése szükséges!
Chrome web store